Magica Seminar mam letzebuerger Regisseur Olivier Garofalo

open_stage.jpgVerzauberen ass méi wéi zauberen 

Workshop fir MAGICA Club Lëtzebuerg, 2008 

Datum, Zäit: Samschden, 21. Juni, 10h00-17h00 (Mëttespaus: 12h00-14h00) am Mariendall

Umellen beim Egide

Gratis fir Magica Memberen an Jugendmemberen

 Inhalt: Bei dëssem Workshop läit de Fokus net um Zaubertrick, mä um Zauber duerch de Mënsch. Ziel ass ët soumat net virum Publikum zu zaubern, mä ën ze verzaubern.Dofir muss een sëch awer selwer kennen, muss ee wëssen wat een ass a wéi ee wierkt. Besonneg wichteg heibei ass d’Gefill fir de Raum – also d’Bühn – an domat wat rondrëm engem geschitt. Weider spillt d’Phantasie eng grouss Roll, net nëmmen beim Trick, mä besonneg beim Zauberer als Persoun!An schlussendlech geet ët ëm Präzisioun – wéi am Theater muss den Zauberer all Owend genau dat selwescht maachen an awer soll ët ausgesinn wéi bei der éischter Kéier… Bei dëssem éischte Workshop sollen éischt Grondlagen entdeckt gin, ët soll naischt erzwongen gin, mä am Group déi Dynamik entsoen, déi een och am Theater brauch. Dofir gin och keng eenzel Ticker “inszenéiert” mä Gefiller entweckélt, op déi Dir dann ëmmer rëm zereck gréifen kënnt. Fir ofzeschléissen iwwerpréife mer awer dann och, op deen Dag Ären Trick schon veränert huet… Dofir onbedingt alles matbrëngen wat Dir fir Ären Trick braucht. WICHTEG: Jidvereen deen am Raum ass, muss matmaachen…Dëss Aarbescht funktionéiert nëmmen wa mir fräi schaffen (sin): also wär ët wichteg, dass Dir prett sitt iech bessi drop anzeloossen – besonneg am Ufank wirkt ët komesch… Fir fräi ze sin an d’Zieler ze erreegen, därf Dir net ofgelenkt sin an de Fokus läit nët um Trick… ët kéint also passéiren, dass ech den Trick entdecken. Dat wat deen Dag geschitt, bleiwt alles ënnert eis – versprach! Des Weideren:Onbedingt sportlech Kleedung undoen (vill Beweegung) an net déi neisten (mir leien och vill…) Zur Persoun: Den Olivier Garofalo (*1985) war ë.a. vun 1999-2005 bei Namasté als Schauspiller an Regisseur, 2005 MERCEDES am Kasemattentheater inszenéiert, 2008 ausgewielt beim Stückemarkt vum TNL fir säin Text IM ARSCH, vill Assistenzen an verschiddenen Theatern. Studium vun der Germanistik op der Uni Lëtzebuerg.


Posted

in

by

Tags:

Comments

One response to “Magica Seminar mam letzebuerger Regisseur Olivier Garofalo”

  1. M~a binance Avatar

    Your point of view caught my eye and was very interesting. Thanks. I have a question for you.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *