Iwwert den Club

De Magica Club ass eng A.s.b.l. an där sech lëtzebuergesch Zauberkënschtler zesummefonnt hunn.
De Club ass den 11. Mäerz 1998 gegrënnt ginn. Den Zweck vum Club ass et Lëtzebuerger Zauberkënschtler an d’Zauberkonscht am Allgemengen ze fërderen. De Club ass 2003 der “Fédération internationale des sociétés magiques” (FISM) beigetrueden.
Zënter 1998 gëtt all Joer eng Foire des Magiciens mat engem Jugendconcours an engem grousse Galaowend mat internationalen an nationalen Zauberkënschtler organiséiert.
Kënschtler vun der Gala a Gewënner vun de Concourse waren:
Joer Uertschaft Kënschtler an der Gala Gewënner vum Concours Aner Artisten
1998 Bouneweg Flip, Perol    
1999 Hesper Jay Scott Berry, Christoper Hart, Tommy Wonder, Tina Lenert,

Rafaël, Kaky, David Goldrake

   
2000 Walfer Jung!Junge, Julius Frack, Hans Moretti, Aldo Colombini, Carlos Vacquera , Kaky Kamyléon  
2001 Esch-Uelzecht HuthochDrei, Andreas Römer, Fredini, Cyril Harvey, Ralf Rolsn und Domino, Hörbi Kull. Claus Heinzeler (Wave) Joshua Jay
2002 Esch-Uelzecht Topas, Roxanne, Fisselspecht, David Goldrake Stonkel Boris Wild, Dondo Burghardo
2003 Esch-Uelzecht Prince of Illusions, Aaron Crow, Chris Joker, Arno, Wolf Fischer   Jan
2004 Esch-Uelzecht Peplum und Othello, Pascal, Tom Voss, Ken Bardowicks, Jonas Zeller , Ben Profane    
2005 Esch-Uelzecht Gaston, Nils Bennett, Romano Carrara, David Goldrake, Axel Hecklau, Magic Wave, Jeff    
2006 Esch-Uelzecht Valérie, Pilou, Julius Frack, Timo Marc Michael Ammar
2007 Esch-Uelzecht Ben Profane, Ken Bardowicks, David Goldrake, Timo Marc   Richard Sanders

Membere vum Club sinn ënnert aneren:

Presidente vum Magica Club waren:

De Magica Club ass et och schons emol an den 50er Jore ginn. E war deemools vum René Breckler a vum Jemp Leer gegrënnt ginn. Sou ass zum Beispill 1955 eng grouss Zaubergala während fënnef Deeg am Vollekshaus zu Lëtzebuerg organiseiert ginn. 1959 ass eng lescht grouss Gala zu Munneref ofgehale ginn. Duerno huet dee Club sech opgeléist.